SproochenTest Study Guide
← Back to Sproochentest
LISTENING PRACTICE

Op Wunnengssich

Listening Practice — A2

Listen to the audio

Questions

  1. Wat sicht de Marc?
    • A. Eng nei Aarbecht
    • B. Eng Wunneng
    • C. En Auto
    • D. Eng Vakanz
  2. Firwat schwätzt d’Sara mam Marc iwwer eng Wunneng?
    • A. Well si selwer plënnert
    • B. Well hire Kolleeg plënnert
    • C. Well hire Brudder plënnert
    • D. Well de Marc plënnert
  3. Wéi vill Schlofzëmmer huet d’Wunneng?
    • A. 1
    • B. 2
    • C. 3
    • D. 4
  4. D’Wunneng huet eng grouss Kichen.
    • A. True
    • B. False
  5. Wou läit d’Wunneng?
    • A. Zu Esch
    • B. Zu Märel
    • C. Zu Dikrech
    • D. Zu Miersch
  6. Wat ass an der Géigend vun der Wunneng?
    • A. Eng Gare
    • B. E Park a Butteker
    • C. Eng Schoul
    • D. Eng Klinik
  7. D’Wunneng huet eng Parkplaz.
    • A. True
    • B. False
  8. Firwat ass d’Lag praktesch?
    • A. Well et vill Restauranten ginn
    • B. Well et gutt Transportverbindunge ginn
    • C. Well et bei der Autobunn ass
    • D. Well et vill Parkplaze ginn
  9. Wat seet de Marc iwwer d’Parkplaz?
    • A. Hie brauch eng Parkplaz
    • B. Hie wëllt zwee Parkplazen
    • C. Hie brauch keng Parkplaz
    • D. Hien ass net sécher
  10. D’Sara ass sécher, datt de Loyer ganz bëlleg ass.
    • A. True
    • B. False
  11. Firwat mengt d’Sara, datt d’Wunneng fir de Marc kéint passen?
    • A. Well de Marc no Märel plënnere wëll
    • B. Well si denkt, datt Lag a Präis fir hien akzeptabel sinn
    • C. Well si wëll, datt hire Kolleeg séier plënnert
    • D. Well si d’Wunneng selwer gutt kennt
  12. Firwat ass et fir de Kolleeg praktesch, wann de Marc interesséiert ass?
    • A. Well de Marc kann d’Wunneng renovéieren
    • B. Well hien dem Proprietär direkt en neie Locataire kann proposéieren
    • C. Well de Marc méi Loyer bezuele kann
    • D. Well de Marc séier plënnere wëll
  13. De Marc huet schonn eng Wunneng fonnt, mee hie sicht eng besser.
    • A. True
    • B. False
  14. Wat ass de nächste Schrëtt fir de Marc?
    • A. Hie wäert de Proprietär uruffen
    • B. Hie wäert d’Sara begleeden
    • C. Hie wäert de Kolleeg kontaktéieren fir e Rendez-vous
    • D. Hie wäert nach aner Annoncen liesen
  15. Wat kann een iwwer d’Sara ofleeden?
    • A. Si wëllt de Marc iwwerzeegen d’Wunneng ze kafen
    • B. Si probéiert dem Marc bei senger Situatioun ze hëllefen
    • C. Si wëllt d’Wunneng selwer lounen
    • D. Si kennt de Proprietär perséinlech
Show Transcript

Sara: Salut! An, wéi leeft et mat der Wunnengssich?

Marc: Hey! Pff, et ass wierklech net einfach. Ech hu schonn e puer Annoncë gekuckt, mee ech fannen einfach net dat Richtegt.

Sara: Dat ass awer blöd. Mee ech kann der vläicht hëllefen. E Kolleeg vu mer plënnert deemnächst, an ech mengen, seng Wunneng kéint eventuell passen.

Marc: Ou? Dat kléngt interessant! Hues du e puer Infoen iwwert d’Wunneng?

Sara: Jo. Se huet zwee Schlofzëmmer, eng grouss Kichen an e klengt Buedzëmmer. Se läit an engem rouegen Eck zu Märel an ass gutt mat den ëffentlechen Transportmëttel verbonnen. Se läit net wäit ewech vum Märeler Parc an et sinn och e puer Butteker an der Géigend. Just eng Parkplaz gëtt et mengen ech keng.

Marc: Dat héiert sech jo scho mol gutt un. Eng Parkplaz brauch ech net, ech hu jo keen Auto. Weess de och, wéi héich de Loyer ass?

Sara: Ech mengen, de Loyer ass zimlech fair fir d’Lag an d’Gréisst vun der Wunneng. Ech denken, dat wier an dengem Budget.

Marc: Cool! Dat kléngt wierklech gutt. Kanns du mer dengem Kolleeg seng Nummer ginn?

Sara: Kloer, ech schécken der se direkt. Wann s de eng Fro hues, fro hien einfach. Et ass fir hien och bestëmmt méi einfach, wann hien dem Proprietär direkt en neie Locataire virstelle kann.

Marc: Definitiv. Ok, Merci! Ech melle mech da bei dengem Kolleeg a kucke mat him e Rendez-vous auszemaache fir d’Wunneng kucken ze goen.

Sara: Gär! A wann s de Hëllef beim Plënnere brauchs, mell dech roueg.

Transcript