All Dag
Listening Practice — A2
Questions
- Wéini erwächt d’Emma moies?
- A. Géint sechs Auer
- B. Géint siwen Auer
- C. Géint aacht Auer
- D. Géint néng Auer
- Wat drénkt d’Emma normalerweis moies?
- A. Kaffi
- B. Téi
- C. Jus
- D. Mëllech
- Wat ësst d’Emma moies?
- A. Brout mat Kéis
- B. Ee Sandwich
- C. Jughurt mat Uebst a Müsli
- D. Ee Croissant
- Wéi kënnt d’Emma op d’Aarbecht?
- A. Mam Bus
- B. Mam Tram
- C. Mam Auto
- D. Mam Vëlo
- D’Emma mécht all Dag géint zéng Auer eng Kaffispaus.
- A. True
- B. False
- Wou iesst d’Emma meeschtens mëttes?
- A. Doheem
- B. Am Restaurant
- C. An der Kantin
- D. Am Park
- Wat mécht d’Emma heiansdo owes fir sech z’entspanen?
- A. Sport maachen
- B. Eng Serie kucken
- C. Schaffen
- D. Liesen
- D’Emma geet all Dag an e Yogacours.
- A. True
- B. False
- Wéini geet d’Emma meeschtens schlofen?
- A. Géint néng Auer
- B. Géint zéng Auer
- C. Spéitstens um eelef Auer
- D. Géint Mëtternuecht
- Wéini rabbelt dem Tom säi Wecker?
- A. 6:00
- B. 6:30
- C. 7:00
- D. 7:20
- Wéi kënnt den Tom op d’Aarbecht?
- A. Mam Tram
- B. Mam Bus
- C. Mam Auto
- D. Mam Vëlo
- Wat mécht den Tom als éischt um Büro?
- A. Hien telefonéiert mat Clienten
- B. Hien drénkt Kaffi
- C. Hien liest an beäntwert E-Mailen
- D. Hien geet bei säi Chef
- Den Tom telefonéiert vun 9:00 bis 10:00 Auer mat Clienten.
- A. True
- B. False
- Wat mécht den Tom no der Reunioun um 13:00 Auer?
- A. Hien geet iessen
- B. Hien schreiwt e Rapport
- C. Hien telefonéiert mat Clienten
- D. Hien geet heem
- Wat plangen d’Anna an den Tom nom Sport?
- A. An de Kino goen
- B. Iessen an e Patt drénken
- C. Heem goen
- D. Schaffen goen
Show Transcript — Dem Emma säin Dag
D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten.
Duerno geet hatt zu Fouss op den Tram a fiert op d’Aarbecht. Hatt brauch ongeféier zwanzeg Minutten. Säi Büro ass um Kierchbierg. Hatt schafft bis mëttes, mee hatt mécht all Dag géint zéng Auer eng Kaffispaus. An der Mëttesstonn geet hatt meeschtens mat Aarbechtskolleegen an d’Kantin iessen. Nomëttes huet hat oft Reunioune mat Clienten oder hatt schafft u Rapporten.
No der Aarbecht geet hatt entweeder an de Lëtzebuergeschcours oder hatt trëfft sech mat Frënn. Zesumme gi si oft an d’Stad eppes drénken oder an de Park spadséieren. Eemol d’Woch geet hatt mat enger Frëndin an e Yogacours.
Hatt ass meeschtens géint siwen Auer erëm doheem a preparéiert dann d’Owesiessen. Heiansdo bestellt hatt sech Sushi oder eng Pizza. Hatt läit owes gär um Kannapee a kuckt eng Serie oder telefonéiert mat senger Famill.
Géint zéng Auer geet hatt an d’Buedzëmmer. Hatt hëlt eng Dusch a botzt seng Zänn, deet de Pyjama un a geet spéitstens um eelef Auer schlofen.
Show Transcript — Den Aarbechtsalldag
Anna: Hey… Wat ass lass? Geet et dir gutt?
Tom: Jo. Mee muer ass Méindeg an ech muss erëm schaffe goen.
Anna: Erziel mir emol vun denger Aarbecht.
Tom: Muer de Moie rabbelt mäi Wecker um 6:30 Auer. Dann drénken ech eng Taass Kaffi an iessen zwou Schmieren. Um 7:20 Auer huelen ech de Bus an um 7:50 Auer sinn ech um Büro. Als éischt maachen ech mäi Computer un an da liesen a beäntweren ech meng E-Mailen.
Vun 9:00 bis 10:00 Auer telefonéieren ech mat Clienten. Duerno maachen ech ëmmer eng kleng Paus an drénken eng Taass Kaffi virun der Dier.
An der Mëttesstonn ginn ech meeschtens mat Kolleegen iessen. Méindes iesse mir normalerweis an der Kantin.
Um 13:00 Auer hunn ech eng Reunioun mat mengem Chef. D’Reunioun dauert ongeféier eng Stonn. Duerno schreiwen ech ëmmer direkt e klenge Rapport. Wann ech fäerdeg sinn, schécken ech e mengem Assistent.
Anna: Wëlls du da muer no der Aarbecht lafe goen? An duerno gi mer eppes Guddes iessen an e Patt drénken.
Tom: Ganz gär!