SproochenTest Study Guide
← Back to Sproochentest
LISTENING PRACTICE

Kleng Accidenter

Listening Practice — B1

Listen to the audio

Questions

  1. Wat ass am éischten Deel geschitt?
    • A. Eng Persoun huet sech verbrannt
    • B. Eng Persoun huet sech an de Fanger geschnidden
    • C. Eng Persoun ass gefall
    • D. Eng Persoun huet sech de Kapp gestouss
  2. Wat soll d’Persoun als éischt maachen nodeems si sech geschnidden huet?
    • A. Eng Plooschter drop maachen
    • B. D’Wonn desinfizéieren
    • C. De Fanger ënner kaalt Waasser halen
    • D. Eng Tablett huelen
  3. Wat benotzt d’Persoun fir op d’Wonn ze drécken?
    • A. En Duch
    • B. Kichepabeier
    • C. Eng Kompress
    • D. Eng Serviett
  4. Nodeems d’Bludde gestoppt huet, wat mécht déi aner Persoun?
    • A. Hie mécht direkt eng Plooschter drop
    • B. Hie wäscht d’Wonn mat waarmem Waasser
    • C. Hie desinfitzéiert d’Wonn
    • D. Hie rufft en Dokter
  5. D’Plooschter ass ze fest.
    • A. True
    • B. False
  6. Firwat rifft d’Lisa un?
    • A. Si huet sech den Aarm gebrach
    • B. Si huet sech de Réck verletzt
    • C. Si huet Féiwer
    • D. Si huet sech de Fouss verstaucht
  7. Wéi ass de Problem entstanen?
    • A. Wéi si Sport gemaach huet
    • B. Wéi si sech gebéckt huet fir de Schong ze strécken
    • C. Wéi si aus dem Auto geklommen ass
    • D. Wéi si gefall ass
  8. Wat recommandéiert déi aner Persoun géint de Réckwéi?
    • A. Vill Sport maachen
    • B. Kal Kompressen
    • C. Wäermt benotzen
    • D. Vill lafen
  9. Wat soll d’Lisa maachen wann et muer net besser geet?
    • A. Direkt an d’Urgence goen
    • B. E Rendez-vous beim Hausdokter huelen
    • C. Medikamenter an der Apdikt kafen
    • D. Sport maachen
  10. Firwat huet d’Lisa dës Persoun ugeruff?
    • A. Well hir Schwëster net erreechbar war an dës Persoun Erfahrung mat Réckeproblemer huet
    • B. Well dës Persoun Dokter ass
    • C. Well dës Persoun an der Noperschaft wunnt
    • D. Well si keen aneren kennt
Show Transcript — E klengen Accident

A: Au!

B: Wat ass?

A: Ech hu mech an de Fanger geschnidden!

B: Hal en ënner kaalt Waasser!

A: Dat maachen ech grad!

B: Gutt!

A: An elo?

B: Wéckel Kichepabeier ronderëm an dréck fest op d’Wonn.

A: Ok.

A: Gutt, et huet opgehalen ze bludden.

B: Ech desinfitzéieren d’Wonn nach. Looss dat e bëssen dréchnen, ech ginn eng Plooschter sichen.

A: Merci!

B: Voilà. Ass d’Plooschter net ze fest?

A: Nee.

B: Deet et wéi?

A: Nee, et pickt just e bëssen. Merci fir deng Hëllef! Kanns du mer just e puer Tranchë Brout schneiden? Mee, pass op, dass de dech net och an de Fanger schneits!

Show Transcript — En Hexeschoss

A: Allô?

B: Hallo! Hei ass d’Lisa.

A: O! Du kléngs awer net gutt!

B: Ma Nee! Ech hunn e Problem! Ech hu mech virdru gebéckt, fir mäi Schong ze strécken a wéi ech mech nees gestreckt hunn, hat ech op eemol schrecklech de Réck wéi. Ech hu mech geluecht, mee lo leien ech hei an et gëtt net besser. Ech ka mech kaum beweegen a kommen net méi op!

A: Aua! Dat ass definitiv en Hexeschoss! Da kann ee kaum nach opstoen!

B: O, nee! Ech muss awer schaffe goen!

A: Nee…du kanns bestëmmt och net an den Auto eraklammen! Hues de schonn eng Ibuprofen ageholl?

B: Jo.

A: Wäermt hëlleft! Hues de e Kiischtekärkëssen oder eng Bull doheem?

B: Jo, ech hunn eng Bull.

A: Gutt! Da fëll déi mat kache Waasser a lee dech drop.

B: Mengs de, ech muss an d’Urgence?

A: Nee!!! Wann et der muer net besser geet, da gees de bei däin Hausdokter. Da kann een der e Muskelrelaxans oder Kiné verschreiwen.

B: Ok. Ech hunn och nach eng Sallef heiheem.

A: Perfekt! A maach keng séier Beweegungen! Soll ech laanschtkommen?

B: Nee, ech ruffe meng Schwëster un. Merci fir deng Rotschléi an deng Hëllef!

A: Gär geschitt! Gutt Besserung!

Transcript