SproochenTest Study Guide
← Back to Sproochentest
LISTENING PRACTICE

Meng Lescht Vakanz

Listening Practice — A2

Listen to the audio

Questions

  1. Wou ass de Laurent an d’Vakanz gaangen?
    • A. Op Berlin
    • B. An Holland
    • C. Op Spuenien
    • D. An Däitschland
  2. Wéi laang war seng Vakanz?
    • A. Eng Woch
    • B. Zwee Deeg
    • C. Zwou Wochen
    • D. Ee Mount
  3. Wéi sinn si an d’Vakanz gefuer?
    • A. Mam Fliger
    • B. Mam Auto
    • C. Mam Zuch
    • D. Mam Bus
  4. Wou hunn d’Kanner vill Spaass gehat?
    • A. Am Park
    • B. Op der Plage
    • C. Am Bësch
    • D. Am Hotel
  5. Wou ass d’Anne fir de Weekend gaangen?
    • A. Op Wien
    • B. Op Amsterdam
    • C. Op Berlin
    • D. Op Paräis
  6. Wat huet de Laurent säin eelste Kand gemaach?
    • A. Hien ass geschwommen
    • B. Hien ass mam Draach geflunn
    • C. Hien huet Fotoe gemaach
    • D. Hien huet Fussball gespillt
  7. Wat hunn si gemaach wann et gereent huet?
    • A. Si sinn an e Musée gaangen
    • B. Si sinn an eng Schwämm gaangen
    • C. Si sinn akafe gaangen
    • D. Si sinn am Hotel bliwwen
  8. Firwat huet d’Anne eleng misse goen?
    • A. Hir Frëndin war krank
    • B. Hir Frëndin hat keng Zäit
    • C. Hir Frëndin wollt net reesen
    • D. Hir Frëndin hat kee Congé
  9. Wat huet d’Anne zu Berlin besicht?
    • A. Restauranten
    • B. Muséeën a kulturell Plazen
    • C. Sportplazen
    • D. Parken
  10. Wéi ass d’Anne op Berlin gereest?
    • A. Mam Bus
    • B. Mam Fliger
    • C. Mam Zuch
    • D. Mam Auto
  11. Firwat ginn d’Elteren an Holland gären an Restauranten mat Spillplazen?
    • A. Well d’Iessen méi bëlleg ass
    • B. Well d’Kanner dobausse spille kënnen
    • C. Well d’Restauranten méi grouss sinn
    • D. Well et do Musek gëtt
  12. Wat kann een iwwer d’Wieder soen?
    • A. Et war ëmmer schlecht
    • B. Et war meeschtens gutt
    • C. Et war ëmmer waarm
    • D. Et huet bal all Dag gereent
  13. Firwat huet d’Anne eng Visite guidée mat engem Fotograf gemaach?
    • A. Fir méi iwwer Berlin seng Geschicht ze léieren
    • B. Fir besser Fotoe vun enger Stad ze maachen
    • C. Fir en neien Handy ze testen
    • D. Fir Fotoe fir eng Ausstellung ze maachen
  14. Firwat huet si den Zuch geholl?
    • A. Well et méi séier ass
    • B. Well et méi bequem ass
    • C. Well et méi bëlleg a méi nohalteg ass
    • D. Well et keng Flich gouf
  15. Wat kann een iwwer d’Anne ofleeden?
    • A. Si wollt haaptsächlech akafe goen
    • B. Si war u Kultur an Geschicht interesséiert
    • C. Si wollt Frënn besichen
    • D. Si wollt Sport maachen
Show Transcript

Anne: Hallo Laurent, wéi war deng Vakanz? Du waars dach mat denge Kanner ënnerwee, oder?

Laurent: Jo! Mir si fir zwou Woche mam Auto an Holland op d’Küst gefuer. Et war wierklech flott, an d’Kanner hate vill Spaass op der Plage.

Anne: Dat kléngt jo super! A wéi war d’Wieder?

Laurent: Zimmlech gutt. Et huet zwar e puer Deeg gereent, mee allgemeng hate mir Chance mam Wieder.

Anne: A sou. Wat hutt dir dann alles gemaach?

Laurent: Mir si vill mam Vëlo gefuer a mäin eelsten ass mam Draach geflunn. Wéi et gereent huet, si mir an eng Schwämm gefuer an d’Kanner ware begeeschtert!

Anne: Cool! An owes?

Laurent: An Holland ginn et vill Restaurante mat Spillplazen. Do kënnen d’Kanner dobausse spillen an d’Elteren hunn eng kleng Paus a kënnen och e bësse matenee schwätzen. An du, waars du och fort?

Anne: Jo, ech war fir e verlängerte Weekend op Berlin.

Laurent: A, mat Frënn?

Anne: Nee, ech war eleng. Meng bescht Frëndin huet kee Congé kritt.

Laurent: O, schued. Mee et war bestëmmt awer flott!

Anne: Genee! Ech war a vill Muséeën an ech hu vill kulturell an historesch Plaze besicht.

Laurent: Dann hues de bestëmmt och vill Fotoe gemaach!

Anne: Jo, ech hunn esouguer een Owend eng Visite guidée mat engem Fotograf gemaach. Do hunn ech geléiert, wéi een am beschte Fotoe vun enger Stad mam Handy mécht.

Laurent: Bass de mam Fliger geflunn?

Anne: Nee, ech hunn den Zuch geholl. Dat war méi bëlleg an et ass och méi nohalteg. Ech si just eng Kéier zu Köln ëmgeklomm.

Laurent: Hat däin Zuch da keng Verspéidung?

Anne: Nee, et huet glécklecherweis alles geklappt. Ech hat Chance!

Transcript