SproochenTest Study Guide
← Back to Sproochentest
LISTENING PRACTICE

Alldag mat Kanner

Listening Practice — B1

Listen to the audio

Questions

  1. Firwat gesäit d’Maria midd aus?
    • A. Well si krank ass
    • B. Well si vill schafft
    • C. Well si en klenge Puppelchen huet
    • D. Well si net geschlof huet
  2. Wéi vill schafft de Paul?
    • A. Vollzäit
    • B. Hallefzäit
    • C. Nëmmen de Weekend
    • D. Hien schafft net
  3. Wat mécht de Ben moies selwer?
    • A. Hien mécht seng Hausaufgaben
    • B. Hien preparéiert säi Müsli
    • C. Hien kacht Kaffi
    • D. Hien bréngt seng Geschwëster an d’Schoul
  4. Wou ginn dem Paul seng Kanner nom Schoul?
    • A. Heem
    • B. An d’Sportshal
    • C. An d’Maison Relais
    • D. Bei d’Grousselteren
  5. Wien mécht d’Hausaufgabe mat de Kanner?
    • A. De Paul
    • B. Seng Fra
    • C. Den Enseignant
    • D. D’Kanner eleng
  6. Dem Maria säi Meedchen erwächt nuets all zweet Stonn.
    • A. True
    • B. False
  7. Wat mécht d’Maria meeschtens wann hatt mam Puppelchen spadséiere geet?
    • A. Hatt schwätzt mat Frënn
    • B. Hatt geet akafen
    • C. De Puppelchen schléift an der Kutsch an
    • D. Hatt lauschtert Musek
  8. Wat mécht d’Maria heiansdo mat anere Mammen?
    • A. Si ginn zesumme schaffen
    • B. Si treffen sech am Duerf
    • C. Si ginn zesumme akafen
    • D. Si ginn an d’Schoul
  9. Wéi hëllefen dem Maria seng Elteren?
    • A. Si maachen den Stot
    • B. Si passen op d’Ella op
    • C. Si kachen Iessen
    • D. Si bréngen d’Kand an d’Schoul
  10. Wat mécht d’Maria heiansdo wann hir Mamm op d’Ella oppasst?
    • A. Si geet schaffen
    • B. Si geet akafen
    • C. Si schléift oder geet an den Danzcours
    • D. Si mécht Hausaufgaben
Show Transcript

Paul: Hallo Maria, wéi ass et, du gesäis e bësse midd aus?

Maria: O, fro net..

Paul: Wéi dann? Wat ass lass?

Maria: Ech sinn immens iwwerfuerdert mat deem Klengen.

Paul: Ech gleewen dir! Mir goung et och esou, wéi meng Kanner nach kleng waren, mee elo geet et awer.

Maria: Wierklech? Wéi gesäit da bei dir sou en Dag aus?

Paul: Ech schaffe jo Hallefzäit an dofir hunn ech och genuch Zäit, fir mech ëm alles ze këmmeren. Moies erwächen ech d’Kanner a mir drénken zesumme Kaffi. De Ben preparéiert sech säi Müsli souguer selwer. D’Kanner di sech och selwer un an da bréngen ech si an d’Schoul. No der Schoul ginn d’Kanner an d’Maison Relais an ech gi si da géint fënnef Auer sichen. An der Tëschenzäit ginn ech akafen oder ech maachen de Stot. Wann d’Kanner bis doheem sinn, mécht meng Fra mat hinnen d’Hausaufgaben an ech kachen. Mir iessen all zesummen an um néng Auer ginn d’Kanner an d’Bett.

Maria: Mäi Mann wollt sech elo nach net säi Congé Parental huelen, dofir verbréngen ech de ganzen Dag eleng mat mengem Meedchen. Hatt erwächt nuets all zweet Stonn, well et geniert muss ginn an dofir sinn ech och esou midd. Moies fiert mäi Mann gemittlech op d’Schaff an ech sinn dann aacht Stonnen eleng mat deem Klengen. Ech maachen dann en Tour mat him a mam Mupp. Hatt schléift meeschtens an der Kutsch an. Wann ech heemkomme raumen ech e bëssen a kache fir d’Mëtteg- an d’Owendiessen. Heiansdo gi mir an de Schwammcours oder ech treffe mech mat anere Mammen aus dem Duerf.

Paul: Hëllefen deng Elteren dir dann och?

Maria: Jo, wa si Zäit hunn, da ginn ech bei si. Meng Mamm passt gär op d’Ella op. Ech profitéieren dann dovun a schlofen alt e bëssen oder ech ginn an den Danzcours.

Transcript