SproochenTest Study Guide
← Back to Sproochentest
LISTENING PRACTICE

Op der Bank / Am Restaurant

Listening Practice — A2

Listen to the audio

Questions: Am Restaurant

  1. Wat freet de Client am Ufank?
    • A. D’Rechnung
    • B. D’Menüskaart
    • C. Eng Pizza
    • D. D’Gedrénkskaart
  2. Wat recommandéiert de Serveur?
    • A. Zopp
    • B. Pizza oder hausgemaachten Nuddelen
    • C. Zalot
    • D. Fësch
  3. Firwat hëlt de Client kee Bifdeck?
    • A. Hien huet keng Loscht
    • B. Hien ass Vegetarier
    • C. Et ass ze deier
    • D. Hien ass allergesch
  4. Wat fir eng Pizza bestellt de Client?
    • A. Pizza mat Tomaten a Kéis
    • B. Pizza mat Oliven a Champignonen
    • C. Pizza mat Fleesch
    • D. Pizza mat Fësch
  5. Wat bestellt d’Cliente?
    • A. Lasagne
    • B. Risotto
    • C. Spaghetti Carbonara
    • D. Pizza
  6. D’Cliente huet d’Spaghetti schonn e puer Mol giess.
    • A. True
    • B. False
  7. D’Cliente ass allergesch op Nëss.
    • A. True
    • B. False
  8. De Client bestellt e Béier.
    • A. True
    • B. False
  9. Si bestellen eng kleng Fläsch Spruddelwaasser.
    • A. True
    • B. False
  10. D’Cliente bestellt och en Aperitif.
    • A. True
    • B. False

Questions: Op der Bank

  1. Firwat kënnt de Client op d’Bank?
    • A. Fir Suen ofzehiewen
    • B. Fir e Kont opzemaachen
    • C. Fir eng Kreditkaart ze kréien
    • D. Fir Suen ze deposéieren
  2. Wat fir e Kont wëllt de Client opmaachen?
    • A. E Spuerkont
    • B. E Compte courant
    • C. E Studentekont
    • D. E Geschäftskont
  3. De Client huet seng Carte d’identité dobäi.
    • A. True
    • B. False
  4. Wat fir en Dokument freet d’Employée nach?
    • A. E Certificat de résidence
    • B. E Pass
    • C. Eng Foto
    • D. Eng Kreditkaart
  5. Wéi heescht de Client?
    • A. Christian Marchetti
    • B. Christophe Marchetti
    • C. Christian Marche
    • D. Christophe Marche
  6. De Client gëtt seng Telefonsnummer.
    • A. True
    • B. False
  7. Wéi kritt de Client seng Bankomatskaart a PIN-Code?
    • A. Direkt an der Bank
    • B. Mat der Post
    • C. Per E-Mail
    • D. An der App
  8. De Client wëllt eng Kreditkaart.
    • A. True
    • B. False
  9. Wéi kann de Client Accès op säi Kont kréien?
    • A. Nëmmen mat engem Token
    • B. Nëmmen mat der Bank-App
    • C. Mat Token oder App
    • D. Nëmmen an der Bank
  10. Den Online-Banking funktionéiert direkt.
    • A. True
    • B. False
Bank: 1. B 2. B 3. A 4. A 5. A 6. A 7. B 8. B 9. C 10. B
Show Transcript — Am Restaurant

Client & Cliente: Gudden Owend!

Client: Kéinte mir d’Menüskaart kréien, wannechgelift?

Serveur: Gudden Owend! Jo, natierlech. Hei ass se. Eis Pizzae si ganz beléift. Mir hunn awer och hausgemaachten Nuddelen. Oder hätt dir léiwer gär e Bifdeck?

Client: Nee, fir mech kee Fleesch, ech si Vegetarier. Dann huelen ech eng Pizza. Mat Oliven a Champignonen, wannechgelift.

Serveur: Eng Pizza mat Oliven a Champignonen… dat ass notéiert. A fir Iech, Madamm?

Cliente: Ech hätt gär eng Portioun Spaghetti Carbonara. Déi hat ech schonn e puer Mol hei, se ass wierklech exzellent, wéi an Italien!

Serveur: Hätt dir och gär eng kleng Zalot dobäi?

Cliente: Jo, gär! Mee ouni Nëss, wannechgelift, ech sinn dorop allergesch!

Serveur: Kee Problem. A fir ze drénken?

Client: Fir mech e Spruddelwaasser. Grouss! Mir deelen eis eng Fläsch, oder?

Cliente: Jo! Ech huelen awer och nach eng Kippchen als Aperitif, wannechgelift.

Serveur: E grousst Spruddelwaasser an eng Kippchen… Tipptopp!

Show Transcript — Op der Bank

Client: Bonjour! Ech géif gär e Kont opmaachen. E ganz normale Compte courant geet fir de Moment duer.

Employée: Hutt Dir Är Carte d’identité dobäi?

Client: Jo, hei ass se.

Employée: Hutt dir och e Certificat de résidence?

Client: Jo, natierlech. Hei ass en.

Employée: Wéi ass Ären Numm, wannechgelift?

Client: Mäin Numm ass Christian Marchetti. M-A-R-C-H-E-T-T-I.

Employée: Da bräicht ech och nach eng Telefonsnummer.

Client: Meng Nummer ass 00 352 621 12 23 34.

Employée: Dir kritt Är Bankomatskaart an Äre PIN-Code an e puer Deeg mat der Post heemgeschéckt. Braucht Dir och eng Kreditkaart?

Client: Nee, fir de Moment net. Mee eng Fro: hunn ech och Accès op den Online-Banking?

Employée: Ech kann Iech dat fräischalten. Et kann awer e puer Deeg daueren. Hutt Dir schonn en Token?

Client: Jo, an ech hunn och d’App.

Employée: Perfekt! Dir kënnt och d’Gratis-App eroflueden.

Transcript