SproochenTest Study Guide
← Back to Sproochentest
LISTENING PRACTICE

Fitness

Listening Practice — A2

Listen to the audio

Questions

  1. Zënter wéi laang mécht de Fränk Fitness?
    • A. 6 Méint
    • B. 1 Joer
    • C. 2 Joer
    • D. 5 Joer
  2. Trainéiert de Fränk an enger Grupp?
    • A. Jo, ëmmer
    • B. Jo, heiansdo
    • C. Nee, hien trainéiert eleng
    • D. Nee, hien trainéiert guer net
  3. Wéi dacks geet de Fränk an de Fitness?
    • A. Eng Kéier d’Woch
    • B. Zwee Mol d’Woch
    • C. Dräi Mol d’Woch
    • D. All Dag
  4. De Fränk huet vill Zäit fir Sport.
    • A. True
    • B. False
  5. Wéini fänkt de Méindes Training un?
    • A. 9:00
    • B. 11:30
    • C. 14:30
    • D. 18:00
  6. Wéini trainéiert de Fränk Donneschdes?
    • A. 7:00 moies
    • B. 9:00 moies
    • C. 12:00
    • D. 18:30
  7. De Fränk trainéiert ëmmer méi wéi eng Stonn.
    • A. True
    • B. False
  8. Wéi laang dauert de Programm mam Trainer?
    • A. 30 Minutten
    • B. 45 Minutten
    • C. 60 Minutten
    • D. 90 Minutten
  9. Wat mécht de Fränk an de leschte 15 Minutten?
    • A. Yoga
    • B. Stretching
    • C. Cardio Training
    • D. Schwammen
  10. De Fränk mécht dacks Kraafttraining mat Gewiichter.
    • A. True
    • B. False
  11. Firwat trainéiert de Fränk eleng mat engem Trainer?
    • A. Well hien net gär mat Leit schwätzt
    • B. Well den Trainer de Training op hien upasse kann
    • C. Well et méi bëlleg ass
    • D. Well et méi séier ass
  12. Wat trainéiert de Fränk beim Kraafttraining?
    • A. Nëmmen d’Been
    • B. Nëmmen d’Äerm
    • C. Verschidde Muskelen wéi Réck, Been an Äerm
    • D. Nëmmen de Bauch
  13. De Fränk huet dacks Muskelkater.
    • A. True
    • B. False
  14. Firwat leeft de Fränk net gär um Training?
    • A. Well hien net lafe kann
    • B. Well hien dat och eleng de Weekend maache kann
    • C. Well et geféierlech ass
    • D. Well hien keng Schong huet
  15. Wat mécht de Fränk gär am Fitnessstudio?
    • A. Mat Maschinnen trainéieren
    • B. Schwammen
    • C. Fussball spillen
    • D. Danzen
Show Transcript

Speakerin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Mir hunn haut de Fränk virum Mikro.

Fränk: Moien. Merci fir d’Invitatioun!

Speakerin: Méchs du gär Sport?

Fränk: Jo! Ganz gär. Zënter zwee Joer, maachen ech reegelméisseg Fitness.

Speakerin: Flott. Gees du zesumme mat anere Leit a Coursen?

Fränk: Nee. Ech trainéieren eleng mat engem Trainer. Ech maache gär Sport an enger Ekipp, mee Fitness maachen ech gär eleng. Den Trainer ka sech da just op mech konzentréieren an den Training adaptéieren.

Speakerin: Ech verstinn. Wéi oft gees du dann?

Fränk: Ech hu leider net vill Zäit. Ech ka just zwee Mol d’Woch goen.

Speakerin: Trainéiers du moies oder owes?

Fränk: Méindes fänkt mäin Training um 14:30 Auer nomëttes un. An donneschdes fänken ech um 9:00 Auer moies un.

Speakerin: Wéi laang dauert dann eng Seance?

Fränk: Mäin Training ass ganz intensiv. No 45 Minutten ass de Programm mat mengem Trainer fäerdeg. Déi lescht Véierel Stonn maachen ech dann eleng nach e bësse Cardio Training.

Speakerin: Wat méchs du da genau, mat dengem Trainer?

Fränk: Ech maache ganz oft Kraafttraining. Dat heescht Muskulatioun, mat Gewiichter. Heiansdo trainéiere mir de Réck, heiansdo d’Been, heiansdo d’Äerm asw. 1-2 Mol de Mount, maache mir e Cardiotraining, wou mir lafen, sprangen oder boxen.

Speakerin: Dat ass bestëmmt flott, mee awer och ustrengend.

Fränk: Definitiv. Ech hu ganz dacks Muskelkater. Mee ech maachen et gär. Dat ass gutt fir meng Gesondheet.

Speakerin: Wat méchs du dann net gär um Training?

Fränk: Ech lafen net gär um Training. Ech ka jo och eleng de Weekend jogge goen. Um Training schaffen ech gär mat de Maschinnen. Dat kann ech net doheem maachen.

Speakerin: Merci, fir deng Zäit! Äddi an nach vill Gléck!

Fränk: Villmools Merci. Dat ass léif. Äddi.

Transcript