Lauschteren Practice Examples
This file contains the listening practice examples with topic name, level, transcript, questions, answer options, and corrections.
1. Meng Lescht Vakanz
Level: A2
Transcript
Anne: Hallo Laurent, wéi war deng Vakanz? Du waars dach mat denge Kanner ënnerwee, oder?
Laurent: Jo! Mir si fir zwou Woche mam Auto an Holland op d’Küst gefuer. Et war wierklech flott, an d’Kanner hate vill Spaass op der Plage.
Anne: Dat kléngt jo super! A wéi war d’Wieder?
Laurent: Zimmlech gutt. Et huet zwar e puer Deeg gereent, mee allgemeng hate mir Chance mam Wieder.
Anne: A sou. Wat hutt dir dann alles gemaach?
Laurent: Mir si vill mam Vëlo gefuer a mäin eelsten ass mam Draach geflunn. Wéi et gereent huet, si mir an eng Schwämm gefuer an d’Kanner ware begeeschtert!
Anne: Cool! An owes?
Laurent: An Holland ginn et vill Restaurante mat Spillplazen. Do kënnen d’Kanner dobausse spillen an d’Elteren hunn eng kleng Paus a kënnen och e bësse matenee schwätzen. An du, waars du och fort?
Anne: Jo, ech war fir e verlängerte Weekend op Berlin.
Laurent: A, mat Frënn?
Anne: Nee, ech war eleng. Meng bescht Frëndin huet kee Congé kritt.
Laurent: O, schued. Mee et war bestëmmt awer flott! Zu Berlin kann ee jo vill maachen.
Anne: Genee! Ech war a vill Muséeën an ech hu vill kulturell an historesch Plaze besicht.
Laurent: Dann hues de bestëmmt och vill Fotoe gemaach!
Anne: Jo, ech hunn esouguer een Owend eng Visite guidée mat engem Fotograf gemaach. Do hunn ech geléiert, wéi een am beschte Fotoe vun enger Stad mam Handy mécht.
Laurent: Wow, dat kléngt wierklech interessant. Déi muss de mir dann eng Kéier weisen! Bass de mam Fliger geflunn?
Anne: Nee, ech hunn den Zuch geholl. Dat war méi bëlleg an et ass och méi nohalteg. Ech si just eng Kéier zu Köln ëmgeklomm.
Laurent: Hat däin Zuch da keng Verspéidung?
Anne: Nee, et huet glécklecherweis alles geklappt. Ech hat Chance! Komm, ech weisen dir emol e puer Fotoen.
Questions
- Wou ass de Laurent an d’Vakanz gaangen?
- A. Op Berlin
- B. An Holland
- C. Op Spuenien
- D. An Däitschland
- Wéi laang war seng Vakanz?
- A. Eng Woch
- B. Zwee Deeg
- C. Zwou Wochen
- D. Ee Mount
- Wéi sinn si an d’Vakanz gefuer?
- A. Mam Fliger
- B. Mam Auto
- C. Mam Zuch
- D. Mam Bus
- Wou hunn d’Kanner vill Spaass gehat?
- A. Am Park
- B. Op der Plage
- C. Am Bësch
- D. Am Hotel
- Wou ass d’Anne fir de Weekend gaangen?
- A. Op Wien
- B. Op Amsterdam
- C. Op Berlin
- D. Op Paräis
- Wat huet de Laurent säin eelste Kand gemaach?
- A. Hien ass geschwommen
- B. Hien ass mam Draach geflunn
- C. Hien huet Fotoe gemaach
- D. Hien huet Fussball gespillt
- Wat hunn si gemaach wann et gereent huet?
- A. Si sinn an e Musée gaangen
- B. Si sinn an eng Schwämm gaangen
- C. Si sinn akafe gaangen
- D. Si sinn am Hotel bliwwen
- Firwat huet d’Anne eleng op Berlin misse goen?
- A. Hir Frëndin war krank
- B. Hir Frëndin hat keng Zäit
- C. Hir Frëndin wollt net reesen
- D. Hir Frëndin hat kee Congé
- Wat huet d’Anne zu Berlin besicht?
- A. Restauranten
- B. Muséeën a kulturell Plazen
- C. Sportplazen
- D. Parken
- Wéi ass d’Anne op Berlin gereest?
- A. Mam Bus
- B. Mam Fliger
- C. Mam Zuch
- D. Mam Auto
- Firwat ginn d’Elteren an Holland gären an Restauranten mat Spillplazen?
- A. Well d’Iessen méi bëlleg ass
- B. Well d’Kanner dobausse spille kënnen
- C. Well d’Restauranten méi grouss sinn
- D. Well et do Musek gëtt
- Wat kann een iwwer d’Wieder während der Vakanz soen?
- A. Et war ëmmer schlecht
- B. Et war meeschtens gutt
- C. Et war ëmmer waarm
- D. Et huet bal all Dag gereent
- Firwat huet d’Anne eng Visite guidée mat engem Fotograf gemaach?
- A. Fir méi iwwer Berlin seng Geschicht ze léieren
- B. Fir besser Fotoe vun enger Stad ze maachen
- C. Fir en neien Handy ze testen
- D. Fir Fotoe fir eng Ausstellung ze maachen
- Firwat huet si den Zuch geholl amplaz vum Fliger?
- A. Well et méi séier ass
- B. Well et méi bequem ass
- C. Well et méi bëlleg a méi nohalteg ass
- D. Well et keng Flich gouf
- Wat kann een iwwer hir Rees op Berlin ofleeden?
- A. Si wollt haaptsächlech akafe goen
- B. Si war u Kultur an Geschicht interesséiert
- C. Si wollt Frënn besichen
- D. Si wollt Sport maachen
Corrections
- B
- C
- B
- B
- C
- B
- B
- D
- B
- C
- B
- B
- B
- C
- B
2. Hobbyen: Sangen a Fitness
Level: A2
Transcript: Sangen
Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war.
Zoé: Jo, ech sinn an der Chorale Florale zu Ierpeldeng. Ech sinn immens frou do!
Mir hu Sängerinnen a Sänger vun all Alter, vun ongeféier 16 Joer bis ca. Enn 70. Et ass kee professionelle Chouer, mee jiddereen ass immens engagéiert.
Alex: Flott! A wat sangt dir do?
Zoé: Vun allem. Mir sange gär klassesch Chouermusek, mee heiansdo och méi modern Stécker.
Alex: Ass den Dirigent léif?
Zoé: Mir hunn eng Dirigentin! D’Emilie ass immens léif a kompetent! Hatt ass Gesangsproff am Conservatoire an der Stad.
Alex: Cool! Wéini prouft dir?
Zoé: Donneschdes owes vun 19.30 bis 21.30 an engem Sall an der Musekschoul zu Ierpeldeng. Zwee Mol d’Joer maache mir och Proufweekender a bereeden eis op eis Concerte vir.
Alex: Dat kléngt wierklech flott! Kann ech schonn den nächsten Donneschdeg laanschtkommen?
Zoé: Gär! Et feelen eis nach Männerstëmmen…!
Questions: Sangen
- Wou huet den Alex scho gesongen?
- A. Zu Wien
- B. Zu Budapest
- C. Zu Paräis
- D. Zu Berlin
- Wéi laang war den Alex an enger Chorale?
- A. 3 Joer
- B. 5 Joer
- C. 7 Joer
- D. 10 Joer
- Wou ass d’Chorale Florale?
- A. Zu Dikrech
- B. Zu Ierpeldeng
- C. Zu Esch
- D. Zu Miersch
- D’Zoé ass ganz frou an hirem Chouer.
- True
- False
- Wéini ass d’Prouf?
- A. Méindes owes
- B. Dënschdes owes
- C. Donneschdes owes
- D. Freides owes
- Wéi al sinn d’Leit am Chouer ongeféier?
- A. 10 bis 40 Joer
- B. 16 bis Enn 70 Joer
- C. 20 bis 50 Joer
- D. 30 bis 60 Joer
- De Chouer ass professionell.
- True
- False
- Wat fir Musek séngt de Chouer?
- A. Nëmmen klassesch Musek
- B. Nëmmen modern Musek
- C. Klassesch a modern Musek
- D. Nëmmen Pop
- Wou schafft d’Emilie?
- A. Am Theater
- B. Am Conservatoire
- C. An enger Schoul
- D. Am Radio
- D’Prouf ass an enger Kierch.
- True
- False
- Firwat sicht den Alex e Chouer zu Lëtzebuerg?
- A. Well hien Musek studéiert
- B. Well hien nees méi sangen wëll
- C. Well seng Frënn do sangen
- D. Well hien Dirigent wëll ginn
- Wou fënnt d’Prouf statt?
- A. Am Conservatoire an der Stad
- B. An engem Sall an der Musekschoul zu Ierpeldeng
- C. Am Theater zu Ierpeldeng
- D. An enger Kierch am Duerf
- De Chouer organiséiert heiansdo Proufweekender.
- True
- False
- Firwat freet d’Zoé den Alex fir laanschtzekommen?
- A. Si brauche méi Sängerinnen
- B. Si brauche méi Männerstëmmen
- C. Si brauche méi Dirigenten
- D. Si brauchen en Pianist
- Wat kann een iwwer de Chouer soen?
- A. Et ass eng professionell Museksgrupp
- B. Et ass eng kleng Grupp fir Kanner
- C. Et ass en engagéierte Chouer mat Leit vu verschiddenem Alter
- D. Et ass eng Grupp just fir Studenten
Corrections: Sangen
- B
- C
- B
- True
- C
- B
- False
- C
- B
- False
- B
- B
- True
- B
- C
Transcript: Fitness
Speakerin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Mir hunn haut de Fränk virum Mikro.
Fränk: Moien. Merci fir d’Invitatioun!
Speakerin: Méchs du gär Sport?
Fränk: Jo! Ganz gär. Zënter zwee Joer, maachen ech reegelméisseg Fitness.
Speakerin: Flott. Gees du zesumme mat anere Leit a Coursen?
Fränk: Nee. Ech trainéieren eleng mat engem Trainer. Ech maache gär Sport an enger Ekipp, mee Fitness maachen ech gär eleng. Den Trainer ka sech da just op mech konzentréieren an den Training adaptéieren.
Speakerin: Ech verstinn. Wéi oft gees du dann?
Fränk: Ech hu leider net vill Zäit. Ech ka just zwee Mol d’Woch goen.
Speakerin: Trainéiers du moies oder owes?
Fränk: Méindes fänkt mäin Training um 14:30 Auer nomëttes un. An donneschdes fänken ech um 9:00 Auer moies un.
Speakerin: Wéi laang dauert dann eng Seance?
Fränk: Mäin Training ass ganz intensiv. No 45 Minutten ass de Programm mat mengem Trainer fäerdeg. Déi lescht Véierel Stonn maachen ech dann eleng nach e bësse Cardio Training.
Speakerin: Wat méchs du da genau, mat dengem Trainer?
Fränk: Ech maache ganz oft Kraafttraining. Dat heescht Muskulatioun, mat Gewiichter. Heiansdo trainéiere mir de Réck, heiansdo d’Been, heiansdo d’Äerm asw. 1-2 Mol de Mount, maache mir e Cardiotraining, wou mir lafen, sprangen oder boxen.
Speakerin: Dat ass bestëmmt flott, mee awer och ustrengend.
Fränk: Definitiv. Ech hu ganz dacks Muskelkater. Mee ech maachen et gär. Dat ass gutt fir meng Gesondheet.
Speakerin: Wat méchs du dann net gär um Training?
Fränk: Ech lafen net gär um Training. Ech ka jo och eleng de Weekend jogge goen. Um Training schaffen ech gär mat de Maschinnen. Dat kann ech net doheem maachen.
Speakerin: Merci, fir deng Zäit! Äddi an nach vill Gléck!
Fränk: Villmools Merci. Dat ass léif. Äddi.
Questions: Fitness
- Zënter wéi laang mécht de Fränk Fitness?
- A. 6 Méint
- B. 1 Joer
- C. 2 Joer
- D. 5 Joer
- Trainéiert de Fränk an enger Grupp?
- A. Jo, ëmmer
- B. Jo, heiansdo
- C. Nee, hien trainéiert eleng
- D. Nee, hien trainéiert guer net
- Wéi dacks geet de Fränk an de Fitness?
- A. Eng Kéier d’Woch
- B. Zwee Mol d’Woch
- C. Dräi Mol d’Woch
- D. All Dag
- De Fränk huet vill Zäit fir Sport.
- True
- False
- Wéini fänkt de Méindes Training un?
- A. 9:00
- B. 11:30
- C. 14:30
- D. 18:00
- Wéini trainéiert de Fränk Donneschdes?
- A. 7:00 moies
- B. 9:00 moies
- C. 12:00
- D. 18:30
- De Fränk trainéiert ëmmer méi wéi eng Stonn.
- True
- False
- Wéi laang dauert de Programm mam Trainer?
- A. 30 Minutten
- B. 45 Minutten
- C. 60 Minutten
- D. 90 Minutten
- Wat mécht de Fränk an de leschte 15 Minutten?
- A. Yoga
- B. Stretching
- C. Cardio Training
- D. Schwammen
- De Fränk mécht dacks Kraafttraining mat Gewiichter.
- True
- False
- Firwat trainéiert de Fränk eleng mat engem Trainer?
- A. Well hien net gär mat Leit schwätzt
- B. Well den Trainer de Training op hien upasse kann
- C. Well et méi bëlleg ass
- D. Well et méi séier ass
- Wat trainéiert de Fränk beim Kraafttraining?
- A. Nëmmen d’Been
- B. Nëmmen d’Äerm
- C. Verschidde Muskelen wéi Réck, Been an Äerm
- D. Nëmmen de Bauch
- De Fränk huet dacks Muskelkater.
- True
- False
- Firwat leeft de Fränk net gär um Training?
- A. Well hien net lafe kann
- B. Well hien dat och eleng de Weekend maache kann
- C. Well et geféierlech ass
- D. Well hien keng Schong huet
- Wat mécht de Fränk gär am Fitnessstudio?
- A. Mat Maschinnen trainéieren
- B. Schwammen
- C. Fussball spillen
- D. Danzen
Corrections: Fitness
- C
- C
- B
- False
- C
- B
- False
- B
- C
- True
- B
- C
- True
- B
- A
3. Op Wunnengssich
Level: A2
Transcript
Sara: Salut! An, wéi leeft et mat der Wunnengssich?
Marc: Hey! Pff, et ass wierklech net einfach. Ech hu schonn e puer Annoncë gekuckt, mee ech fannen einfach net dat Richtegt.
Sara: Dat ass awer blöd. Mee ech kann der vläicht hëllefen. E Kolleeg vu mer plënnert deemnächst, an ech mengen, seng Wunneng kéint eventuell passen.
Marc: Ou? Dat kléngt interessant! Hues du e puer Infoen iwwert d’Wunneng?
Sara: Jo. Se huet zwee Schlofzëmmer, eng grouss Kichen an e klengt Buedzëmmer. Se läit an engem rouegen Eck zu Märel an ass gutt mat den ëffentlechen Transportmëttel verbonnen. Se läit net wäit ewech vum Märeler Parc an et sinn och e puer Butteker an der Géigend. Just eng Parkplaz gëtt et mengen ech keng.
Marc: Dat héiert sech jo scho mol gutt un. Eng Parkplaz brauch ech net, ech hu jo keen Auto. Weess de och, wéi héich de Loyer ass?
Sara: Ech mengen, de Loyer ass zimlech fair fir d’Lag an d’Gréisst vun der Wunneng. Ech denken, dat wier an dengem Budget.
Marc: Cool! Dat kléngt wierklech gutt. Kanns du mer dengem Kolleeg seng Nummer ginn?
Sara: Kloer, ech schécken der se direkt. Wann s de eng Fro hues, fro hien einfach. Et ass fir hien och bestëmmt méi einfach, wann hien dem Proprietär direkt en neie Locataire virstelle kann.
Marc: Definitiv. Ok, Merci! Ech melle mech da bei dengem Kolleeg a kucke mat him e Rendez-vous auszemaache fir d’Wunneng kucken ze goen.
Sara: Gär! A wann s de Hëllef beim Plënnere brauchs, mell dech roueg.
Questions
- Wat sicht de Marc?
- A. Eng nei Aarbecht
- B. Eng Wunneng
- C. En Auto
- D. Eng Vakanz
- Firwat schwätzt d’Sara mam Marc iwwer eng Wunneng?
- A. Well si selwer plënnert
- B. Well hire Kolleeg plënnert
- C. Well hire Brudder plënnert
- D. Well de Marc plënnert
- Wéi vill Schlofzëmmer huet d’Wunneng?
- A. 1
- B. 2
- C. 3
- D. 4
- D’Wunneng huet eng grouss Kichen.
- True
- False
- Wou läit d’Wunneng?
- A. Zu Esch
- B. Zu Märel
- C. Zu Dikrech
- D. Zu Miersch
- Wat ass an der Géigend vun der Wunneng?
- A. Eng Gare
- B. E Park a Butteker
- C. Eng Schoul
- D. Eng Klinik
- D’Wunneng huet eng Parkplaz.
- True
- False
- Firwat ass d’Lag praktesch?
- A. Well et vill Restauranten ginn
- B. Well et gutt Transportverbindunge ginn
- C. Well et bei der Autobunn ass
- D. Well et vill Parkplaze ginn
- Wat seet de Marc iwwer d’Parkplaz?
- A. Hie brauch eng Parkplaz
- B. Hie wëllt zwee Parkplazen
- C. Hie brauch keng Parkplaz
- D. Hien ass net sécher
- D’Sara ass sécher, datt de Loyer ganz bëlleg ass.
- True
- False
- Firwat mengt d’Sara, datt d’Wunneng fir de Marc kéint passen?
- A. Well de Marc no Märel plënnere wëll
- B. Well si denkt, datt Lag a Präis fir hien akzeptabel sinn
- C. Well si wëll, datt hire Kolleeg séier plënnert
- D. Well si d’Wunneng selwer gutt kennt
- Firwat ass et fir de Kolleeg praktesch, wann de Marc interesséiert ass?
- A. Well de Marc kann d’Wunneng renovéieren
- B. Well hien dem Proprietär direkt en neie Locataire kann proposéieren
- C. Well de Marc méi Loyer bezuele kann
- D. Well de Marc séier plënnere wëll
- De Marc huet schonn eng Wunneng fonnt, mee hie sicht eng besser.
- True
- False
- Wat ass de nächste Schrëtt fir de Marc?
- A. Hie wäert de Proprietär uruffen
- B. Hie wäert d’Sara begleeden
- C. Hie wäert de Kolleeg kontaktéieren fir e Rendez-vous
- D. Hie wäert nach aner Annoncen liesen
- Wat kann een iwwer d’Sara ofleeden?
- A. Si wëllt de Marc iwwerzeegen d’Wunneng ze kafen
- B. Si probéiert dem Marc bei senger Situatioun ze hëllefen
- C. Si wëllt d’Wunneng selwer lounen
- D. Si kennt de Proprietär perséinlech
Corrections
- B
- B
- B
- True
- B
- B
- False
- B
- C
- False
- B
- B
- False
- C
- B
4. Op der Bank / Am Restaurant
Level: A2
Transcript: Am Restaurant
Client & Cliente: Gudden Owend!
Client: Kéinte mir d’Menüskaart kréien, wannechgelift?
Serveur: Gudden Owend! Jo, natierlech. Hei ass se.
Client: Merci. Wat kënnt Dir eis recommandéieren?
Serveur: Eis Pizzae si ganz beléift. Mir hunn awer och hausgemaachten Nuddelen. Oder hätt dir léiwer gär e Bifdeck?
Client: Nee, fir mech kee Fleesch, ech si Vegetarier. Dann huelen ech eng Pizza. Mat Oliven a Champignonen, wannechgelift.
Serveur: Eng Pizza mat Oliven a Champignonen… dat ass notéiert. A fir Iech, Madamm?
Cliente: Ech hätt gär eng Portioun Spaghetti Carbonara. Déi hat ech schonn e puer Mol hei, se ass wierklech exzellent, wéi an Italien!
Serveur: An eemol Spaghetti Carbonara… Gudde Choix! Hätt dir och gär eng kleng Zalot dobäi?
Cliente: Jo, gär! Mee ouni Nëss, wannechgelift, ech sinn dorop allergesch!
Serveur: Kee Problem, ech soen der Kiche Bescheed. A fir ze drénken?
Client: Fir mech e Spruddelwaasser, wannechgelift.
Serveur: E Spruddelwaasser… Kleng oder grouss?
Client: Grouss! Mir deelen eis eng Fläsch, oder?
Cliente: Jo! Ech huelen awer och nach eng Kippchen als Aperitif, wannechgelift.
Serveur: E grousst Spruddelwaasser an eng Kippchen… Tipptopp! Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt.
Client & Cliente: Merci!
Questions: Am Restaurant
- Wat freet de Client am Ufank?
- A. D’Rechnung
- B. D’Menüskaart
- C. Eng Pizza
- D. D’Gedrénkskaart
- Wat recommandéiert de Serveur?
- A. Zopp
- B. Pizza oder hausgemaachten Nuddelen
- C. Zalot
- D. Fësch
- Firwat hëlt de Client kee Bifdeck?
- A. Hien huet keng Loscht
- B. Hien ass Vegetarier
- C. Et ass ze deier
- D. Hien ass allergesch
- Wat fir eng Pizza bestellt de Client?
- A. Pizza mat Tomaten a Kéis
- B. Pizza mat Oliven a Champignonen
- C. Pizza mat Fleesch
- D. Pizza mat Fësch
- Wat bestellt d’Cliente?
- A. Lasagne
- B. Risotto
- C. Spaghetti Carbonara
- D. Pizza
- D’Cliente huet d’Spaghetti schonn e puer Mol am Restaurant giess.
- True
- False
- D’Cliente ass allergesch op Nëss.
- True
- False
- De Client bestellt e Béier fir ze drénken.
- True
- False
- Si bestellen eng kleng Fläsch Spruddelwaasser.
- True
- False
- D’Cliente bestellt och nach en Aperitif.
- True
- False
Corrections: Am Restaurant
- B
- B
- B
- B
- C
- True
- True
- False
- False
- True
Transcript: Op der Bank
Client: Bonjour! Ech géif gär e Kont opmaachen. Sinn ech hei richteg?
Employée: Gudde Mëtteg! Jo, huelt iech Plaz, wannechgelift. Wësst Dir schonn, wat fir e Kont Dir gär opmaache géift?
Client: Jo, ech denken, e ganz normale Compte courant geet fir de Moment duer.
Employée: An der Rei. Dofir bräicht ech e puer Dokumenter. Hutt Dir Är Carte d’identité dobäi?
Client: Jo, ee Moment … Hei ass se.
Employée: Villmools Merci. Hutt dir och e Certificat de résidence?
Client: Jo, natierlech. Hei ass en.
Employée: Perfekt. Voilà, elo musse mer just nach e Formulaire ausfëllen. Wéi ass Ären Numm, wannechgelift?
Client: Mäin Numm ass Christian Marchetti.
Employée: Wéi schreift een Äre Familljennumm?
Client: M-A-R-C-H-E-T-T-I.
Employée: Merci. Da bräicht ech och nach eng Telefonsnummer.
Client: Meng Nummer ass 00 352 621 12 23 34.
Employée: Merci. Et dauert elo Moment, bis Äre Kont op ass. Dir kritt Är Bankomatskaart an Äre PIN-Code an e puer Deeg mat der Post heemgeschéckt. Braucht Dir och eng Kreditkaart?
Client: Nee, fir de Moment net. Mee eng Fro hunn ech nach: hunn ech och Accès op den Online-Banking?
Employée: Ech kann Iech dat fräischalten, wann Dir wëllt … Sou, et ass gemaach. Et kann awer e puer Deeg daueren, bis den Accès funktionéiert. Hutt Dir schonn en Token?
Client: Jo, an ech hunn och d’App.
Employée: Perfekt! Dir kënnt och d’Gratis-App vun eiser Bank eroflueden, da kënnt dir ëmmer an iwwerall ganz einfach Accès op Äre Kont hunn an och ënnerwee Viremente maachen.
Client: Dat ass praktesch, dat maachen ech. Merci fir Är Hëllef!
Employée: Service. Nach e schéinen Dag!
Client: Merci gläichfalls!
Questions: Op der Bank
- Firwat kënnt de Client op d’Bank?
- A. Fir Suen ofzehiewen
- B. Fir e Kont opzemaachen
- C. Fir eng Kreditkaart ze kréien
- D. Fir Suen ze deposéieren
- Wat fir e Kont wëllt de Client opmaachen?
- A. E Spuerkont
- B. E Compte courant
- C. E Studentekont
- D. E Geschäftskont
- De Client huet seng Carte d’identité dobäi.
- True
- False
- Wat fir en Dokument freet d’Employée nach?
- A. E Certificat de résidence
- B. E Pass
- C. Eng Foto
- D. Eng Kreditkaart
- Wéi heescht de Client?
- A. Christian Marchetti
- B. Christophe Marchetti
- C. Christian Marche
- D. Christophe Marche
- De Client gëtt seng Telefonsnummer.
- True
- False
- Wéi kritt de Client seng Bankomatskaart a PIN-Code?
- A. Direkt an der Bank
- B. Mat der Post
- C. Per E-Mail
- D. An der App
- De Client wëllt eng Kreditkaart.
- True
- False
- Wéi kann de Client Accès op säi Kont kréien?
- A. Nëmmen mat engem Token
- B. Nëmmen mat der Bank-App
- C. Mat Token oder App
- D. Nëmmen an der Bank
- Den Online-Banking funktionéiert direkt.
- True
- False
Corrections: Op der Bank
- B
- B
- True
- A
- A
- True
- B
- False
- C
- False
5. All Dag
Level: A2
Transcript: Dem Emma säin Dag
D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten.
Duerno geet hatt zu Fouss op den Tram a fiert op d’Aarbecht. Hatt brauch ongeféier zwanzeg Minutten. Säi Büro ass um Kierchbierg. Hatt schafft bis mëttes, mee hatt mécht all Dag géint zéng Auer eng Kaffispaus. An der Mëttesstonn geet hatt meeschtens mat Aarbechtskolleegen an d’Kantin iessen. Nomëttes huet hat oft Reunioune mat Clienten oder hatt schafft u Rapporten.
No der Aarbecht geet hatt entweeder an de Lëtzebuergeschcours oder hatt trëfft sech mat Frënn. Zesumme gi si oft an d’Stad eppes drénken oder an de Park spadséieren, wann d’Wieder gutt ass. Eemol d’Woch geet hatt mat enger Frëndin an e Yogacours.
Hatt ass meeschtens géint siwen Auer erëm doheem a preparéiert dann d’Owesiessen. Heiansdo bestellt hatt sech och eppes, zum Beispill Sushi oder eng Pizza. Hatt läit owes gär nach e bëssen um Kannapee fir z’entspanen a kuckt eng Serie op der Tëlee oder telefonéiert mat senger Famill.
Géint zéng Auer geet hatt an d’Buedzëmmer. Hatt hëlt nach schnell eng Dusch a botzt seng Zänn, deet de Pyjama un a geet spéitstens um eelef Auer schlofen.
Transcript: Den Aarbechtsalldag
Anna: Hey… Wat ass lass? Geet et dir gutt?
Tom: Jo. Mee muer ass Méindeg an ech muss erëm schaffe goen.
Anna: Erziel mir emol vun denger Aarbecht. Wéi ass de Programm vun dengem Dag?
Tom: Muer de Moie rabbelt mäi Wecker um 6:30 Auer. Dann drénken ech eng Taass Kaffi an iessen zwou Schmieren.
Um 7:20 Auer huelen ech de Bus an um 7:50 Auer sinn ech um Büro. Als éischt maachen ech mäi Computer un an da liesen a beäntweren ech meng E-Mailen.
Vun 9:00 bis 10:00 Auer telefonéieren ech mat Clienten. Duerno maachen ech ëmmer eng kleng Paus an drénken eng Taass Kaffi virun der Dier. Ech si gär 10 Minutten dobaussen an der frëscher Loft.
Anna: A wat méchs du no der Paus?
Tom: Da ginn ech bei mäi Chef an de Büro e puer Dossiere sichen. Dann hunn ech genuch Aarbecht bis 12:00 Auer. An der Mëttesstonn ginn ech meeschtens mat e puer Aarbechtskolleegen iessen. Méindes iesse mir normalerweis an der Kantin.
Um 13:00 Auer hunn ech dann eng Reunioun mat mengem Chef a mir schwätzen iwwert d’Dossiere vu moies. D’Reunioun dauert ongeféier eng Stonn. Duerno schreiwen ech ëmmer direkt e klenge Rapport. Wann ech mam Rapport fäerdeg sinn, schécken ech e mengem Assistent. Dee mécht da Kopië vum Rapport a klasséiert alles. An där Zäit ruffen ech nach e puer Clienten un an ech huele mir Notten, fir d’Reunioun en Dënschdeg ze preparéieren.
Anna: Du hues wierklech vill Aarbecht.
Tom: Jo. An ech sëtze vill. Dat hunn ech net gär.
Anna: Wëlls du da muer no der Aarbecht lafe goen?
Tom: Mat dir?
Anna: Majo.
Tom: Dat ass eng gutt Iddi! An duerno gi mer eppes Guddes iessen an e Patt drénken.
Anna: Solle mir nom Iessen nach an de Kino goen?
Tom: Ganz gär. Merci Anna! Elo sinn ech motivéiert fir muer schaffen ze goen.
Anna: Dat ass gutt! Da sinn ech frou!
Questions
- Wéini erwächt d’Emma moies?
- A. Géint sechs Auer
- B. Géint siwen Auer
- C. Géint aacht Auer
- D. Géint néng Auer
- Wat drénkt d’Emma normalerweis moies?
- A. Kaffi
- B. Téi
- C. Jus
- D. Mëllech
- Wat ësst d’Emma moies?
- A. Brout mat Kéis
- B. Ee Sandwich
- C. Jughurt mat Uebst a Müsli
- D. Ee Croissant
- Wéi kënnt d’Emma op d’Aarbecht?
- A. Mam Bus
- B. Mam Tram
- C. Mam Auto
- D. Mam Vëlo
- D’Emma mécht all Dag géint zéng Auer eng Kaffispaus.
- True
- False
- Wou iesst d’Emma meeschtens mëttes?
- A. Doheem
- B. Am Restaurant
- C. An der Kantin
- D. Am Park
- Wat mécht d’Emma heiansdo owes fir sech z’entspanen?
- A. Sport maachen
- B. Eng Serie kucken
- C. Schaffen
- D. Liesen
- D’Emma geet all Dag an e Yogacours.
- True
- False
- Wéini geet d’Emma meeschtens schlofen?
- A. Géint néng Auer
- B. Géint zéng Auer
- C. Spéitstens um eelef Auer
- D. Géint Mëtternuecht
- Wéini rabbelt dem Tom säi Wecker?
- A. 6:00
- B. 6:30
- C. 7:00
- D. 7:20
- Wéi kënnt den Tom op d’Aarbecht?
- A. Mam Tram
- B. Mam Bus
- C. Mam Auto
- D. Mam Vëlo
- Wat mécht den Tom als éischt um Büro?
- A. Hien telefonéiert mat Clienten
- B. Hien drénkt Kaffi
- C. Hien liest an beäntwert E-Mailen
- D. Hien geet bei säi Chef
- Den Tom telefonéiert vun 9:00 bis 10:00 Auer mat Clienten.
- True
- False
- Wat mécht den Tom no der Reunioun um 13:00 Auer?
- A. Hien geet iessen
- B. Hien schreiwt e Rapport
- C. Hien telefonéiert mat Clienten
- D. Hien geet heem
- Wat plangen d’Anna an den Tom nom Sport?
- A. An de Kino goen
- B. Iessen an e Patt drénken
- C. Heem goen
- D. Schaffen goen
Corrections
- B
- B
- C
- B
- True
- C
- B
- False
- C
- B
- B
- C
- True
- B
- B
6. Alldag mat Kanner
Level: B1
Transcript
Paul: Hallo Maria, wéi ass et, du gesäis e bësse midd aus?
Maria: O, fro net..
Paul: Wéi dann? Wat ass lass?
Maria: Ech sinn immens iwwerfuerdert mat deem Klengen. Geet et dir dann net esou?
Paul: Ech gleewen dir! Mir goung et och esou, wéi meng Kanner nach kleng waren, mee elo geet et awer.
Maria: Wierklech? Wéi gesäit da bei dir sou en Dag aus?
Paul: Ech schaffe jo Hallefzäit an dofir hunn ech och genuch Zäit, fir mech ëm alles ze këmmeren. Moies erwächen ech d’Kanner a mir drénken zesumme Kaffi. De Ben preparéiert sech säi Müsli souguer selwer. D’Kanner di sech och selwer un an da bréngen ech si an d’Schoul. Hir Schoul läit jo um Wee, fir op meng Aarbecht. No der Schoul ginn d’Kanner an d’Maison Relais an ech gi si da géint fënnef Auer nomëttes sichen. An der Tëschenzäit ginn ech akafen oder ech maachen de Stot. Wann d’Kanner bis doheem sinn, mécht meng Fra mat hinnen d’Hausaufgaben an ech kachen. Mir iessen all zesummen an um néng Auer ginn d’Kanner an d’Bett. Do hu meng Fra an ech dann e bëssen Zäit fir eis.
Maria: Dat kléngt trotzdeem no engem volle Programm.
Paul: Ass et jo och, mee wéi gesot, et gëtt awer méi einfach mat der Zäit. Wéi ass et da bei dir?
Maria: Mäi Mann wollt sech elo nach net säi Congé Parental huelen, dofir verbréngen ech de ganzen Dag eleng mat mengem Meedchen. Hatt erwächt nuets all zweet Stonn, well et geniert muss ginn an dofir sinn ech och esou midd. Jo a moies fiert mäi Mann gemittlech op d’Schaff an ech sinn dann aacht Stonnen eleng mat deem Klengen. Ech maachen dann en Tour mat him a mam Mupp. Hatt schléift meeschtens an der Kutsch an. Wann ech heemkomme raumen ech e bëssen a kache fir d’Mëtteg-an d’Owendiesse vir. Wann hatt bis wakereg ass beschäftegen ech mech mat him. Heiansdo gi mir an de Schwammcours oder ech treffe mech mat anere Mammen aus dem Duerf.
Paul: A, dat ass gutt! Du solls dech och mat anere Leit austauschen an em Rot froen. Hëllefen deng Elteren dir dann och bëssen?
Maria: Jo, wa si Zäit hunn, da ginn ech bei si. Meng Mamm passt gär op d’Ella op. Ech profitéieren dann dovun a schlofen alt e bëssen oder ech ginn an den Danzcours. Do kann ech dann e bëssen ofschalten.
Paul: Flott!
Questions
- Firwat seet de Paul, datt d’Maria midd ausgesäit?
- A. Well si krank ass
- B. Well si vill schafft
- C. Well si en klenge Puppelchen huet
- D. Well si net geschlof huet
- Wéi vill schafft de Paul?
- A. Vollzäit
- B. Hallefzäit
- C. Nëmmen de Weekend
- D. Hien schafft net
- Wat mécht de Ben moies selwer?
- A. Hien mécht seng Hausaufgaben
- B. Hien preparéiert säi Müsli
- C. Hien kacht Kaffi
- D. Hien bréngt seng Geschwëster an d’Schoul
- Wou ginn dem Paul seng Kanner nom Schoul?
- A. Heem
- B. An d’Sportshal
- C. An d’Maison Relais
- D. Bei d’Grousselteren
- Wien mécht d’Hausaufgabe mat de Kanner?
- A. De Paul
- B. Seng Fra
- C. Den Enseignant
- D. D’Kanner eleng
- Dem Maria säi Meedchen erwächt nuets all zweet Stonn.
- True
- False
- Wat mécht d’Maria meeschtens wann hatt mam Puppelchen spadséiere geet?
- A. Hatt schwätzt mat Frënn
- B. Hatt geet akafen
- C. De Puppelchen schléift an der Kutsch an
- D. Hatt lauschtert Musek
- Wat mécht d’Maria heiansdo mat anere Mammen?
- A. Si ginn zesumme schaffen
- B. Si treffen sech am Duerf
- C. Si ginn zesumme akafen
- D. Si ginn an d’Schoul
- Wéi hëllefen dem Maria seng Elteren?
- A. Si maachen den Stot
- B. Si passen op d’Ella op
- C. Si kachen Iessen
- D. Si bréngen d’Kand an d’Schoul
- Wat mécht d’Maria heiansdo wann hir Mamm op d’Ella oppasst?
- A. Si geet schaffen
- B. Si geet akafen
- C. Si schléift oder geet an den Danzcours
- D. Si mécht Hausaufgaben
Corrections
- C
- B
- B
- C
- B
- True
- C
- B
- B
- C
7. Kleng Accidenter
Level: B1
Transcript: E klengen Accident
A: Au!
B: Wat ass?
A: Ech hu mech an de Fanger geschnidden!
B: Hal en ënner kaalt Waasser!
A: Dat maachen ech grad!
B: Gutt!
A: An elo?
B: Wéckel Kichepabeier ronderëm an dréck fest op d’Wonn.
A: Ok.
A: Gutt, et huet opgehalen ze bludden.
B: Ech desinfitzéieren d’Wonn nach. Looss dat e bëssen dréchnen, ech ginn eng Plooschter sichen.
A: Merci!
B: Voilà. Ass d’Plooschter net ze fest?
A: Nee.
B: Deet et wéi?
A: Nee, et pickt just e bëssen. Merci fir deng Hëllef! Kanns du mer just wannechgelift e puer Tranchë Brout schneiden? Mee, pass op, dass de dech net och an de Fanger schneits!
B: Ech probéieren!
Transcript: En Hexeschoss
A: Allô?
B: Hallo! Hei ass d’Lisa.
A: O! Du kléngs awer net gutt!
B: Ma Nee! Ech hunn e Problem!
A: Wat ass lass?!
B: Ech hu mech virdru gebéckt, fir mäi Schong ze strécken a wéi ech mech nees gestreckt hunn, hat ech op eemol schrecklech de Réck wéi. Ech hu mech geluecht, mee lo leien ech hei an et gëtt net besser. Ech ka mech kaum beweegen a kommen net méi op!
A: Aua! Dat ass definitiv en Hexeschoss!
B: Jo? Ech hat dat nach ni!
A: Dach, ech hat dat schonn! Da kann ee kaum nach opstoen! Ech konnt, zum Beispill meng Box net méi undoen an d’Schong net méi strécken, asw.
B: O, nee! Ech muss awer schaffe goen!
A: Nee…du kanns bestëmmt och net an den Auto eraklammen oder aus dem Auto erausklammen! Dat gëtt näischt! Hues de schonn eng Ibuprofen ageholl?
B: Jo.
A: Wäermt hëlleft! Hues de e Kiischtekärkëssen oder eng Bull doheem?
B: Jo, ech hunn eng Bull.
A: Gutt! Da fëll déi mat kache Waasser a lee dech drop. Oder lee dech direkt an d’Bidden…!
B: Ha ha, da kommen ech ni méi do raus.
A: Jo, ok!
B: Mengs de, ech muss an d’Urgence?
A: Nee!!! Wann, da gees de fir d’éischt bei däin Hausdokter oder deng Hausdocktesch. Wann et der muer net besser geet, dann hëls de e Rendez-vous. Da kann een der e Muskelrelaxans oder Kiné verschreiwen.
B: Ok. Ech hunn och nach eng Sallef heiheem. Ech maachen déi nach drop.
A: Perfekt! A maach keng séier Beweegungen! Soll ech laanschtkommen, fir der ze hëllefen?
B: Nee, nee! Ech ruffe meng Schwëster nach un. Hat ass net op den Telefon gaang. Ech hunn dir ugeruff, well s du dech jo mat Réckeproblemer auskenns. Merci fir deng Rotschléi an deng Hëllef!
A: Gär geschitt! Versuerg dech gutt! Gutt Besserung a so Bescheed, wann s de eppes brauchs!
B: Merci! Maachen ech! Äddi!
A: Äddi!
Questions
- Wat ass am éischten Deel geschitt?
- A. Eng Persoun huet sech verbrannt
- B. Eng Persoun huet sech an de Fanger geschnidden
- C. Eng Persoun ass gefall
- D. Eng Persoun huet sech de Kapp gestouss
- Wat soll d’Persoun als éischt maachen nodeems si sech geschnidden huet?
- A. Eng Plooschter drop maachen
- B. D’Wonn desinfizéieren
- C. De Fanger ënner kaalt Waasser halen
- D. Eng Tablett huelen
- Wat benotzt d’Persoun fir op d’Wonn ze drécken?
- A. En Duch
- B. Kichepabeier
- C. Eng Kompress
- D. Eng Serviett
- Nodeems d’Bludde gestoppt huet, wat mécht déi aner Persoun?
- A. Hie mécht direkt eng Plooschter drop
- B. Hie wäscht d’Wonn mat waarmem Waasser
- C. Hie desinfitzéiert d’Wonn
- D. Hie rufft en Dokter
- D’Plooschter ass ze fest.
- True
- False
- Firwat rifft d’Lisa un?
- A. Si huet sech den Aarm gebrach
- B. Si huet sech de Réck verletzt
- C. Si huet Féiwer
- D. Si huet sech de Fouss verstaucht
- Wéi ass de Problem entstanen?
- A. Wéi si Sport gemaach huet
- B. Wéi si sech gebéckt huet fir de Schong ze strécken
- C. Wéi si aus dem Auto geklommen ass
- D. Wéi si gefall ass
- Wat recommandéiert déi aner Persoun géint de Réckwéi?
- A. Vill Sport maachen
- B. Kal Kompressen
- C. Wäermt benotzen
- D. Vill lafen
- Wat soll d’Lisa maachen wann et muer net besser geet?
- A. Direkt an d’Urgence goen
- B. E Rendez-vous beim Hausdokter huelen
- C. Medikamenter an der Apdikt kafen
- D. Sport maachen
- Firwat huet d’Lisa dës Persoun ugeruff?
- A. Well hir Schwëster net erreechbar war an dës Persoun Erfahrung mat Réckeproblemer huet
- B. Well dës Persoun Dokter ass
- C. Well dës Persoun an der Noperschaft wunnt
- D. Well si keen aneren kennt
Corrections
- B
- C
- B
- C
- False
- B
- B
- C
- B
- A